Nationalfeierdag 2020 – Usprooch an Andréck vun der Beliichtung um Virowend 23.06.2020 wormeldange De Gemeenerot konnt Iech dës Joer leider net op den Éierewäin alueden Wann déi offiziell Feierlechkeeten ofgesot musse ginn a mir den Nationalfeierdag net einfach wëlle laanschtzéie loossen, dann muss een sech Alternativen afale loossen...De Mëttwoch war de Schäfferot op der Wormer Koeppchen, fir an Zesummenaarbecht mat der Produktiounsfirma Moast e flotte Video opzehuelen Wat si ze zielen hunn a wéi schéin eis Gebaier lescht Nuecht ausgesinn hunn, gesitt Dir hei #houfereg Réseaux sociaux