Actualité

Trauer ëm de Carlo Wagner

D'Gemeen Wormer trauert ëm hire fréiere Borgermeeschter (1994 - 1999) Carlo Wagner, deen iis virgëschter am Alter vu 67 Joer fir ëmmer verlooss huet. Ënnert säiner Regie, si vill Projeten an d'Weeër geluecht an och realiséiert ginn, wéi z.B d'Tribünen an d'Vestiairen vum FC Koeppchen Wormer, wou hien sou munch Partie als treie Supporter suivéiert huet. Hien huet ëmmer vun der Rieslingsgemeen geschwat, sou ass op de Receptiounen och just noch Riesling zerwéiert ginn.

Och als Ost-Deputéierten a Gesondheets- a Sozialminister huet hien senger Heemechtsgemeen, der Musel an dem Wäibau nach ëmmer nogestan. Hien huet gär säin Darrefsprooch geschwat an domat ni verstoppt, datt hien e richtege Wormer war.
Mir behalen de Carlo als ee gesellegen, kollegialen a kompetente Mënsch an Erënnerung.

Vu Säit vum Gemeenen- a Schäfferrot an dem Personal vun der Wormer Gemeen drécke mer dem Marie-Paule, dem Charel, dem Eric an dem Valérie eis häerzlecht Bäileed aus. ​