Actualité

Transport an de Covid-Impfzenter zu Munneref

D'Gemeen Wormer huet de Covid-Impfzenter zu Munneref als nei Destinatioun op de Programm vum Ruffbus setze gelooss


Dës Offer riicht sech ausschliisslech un eis Awunner 65+ an héich-vulnerabel Persounen déi sech mat hirer Invitatioun een Impf-Rendez-vous huele wëllen, mee keng Fortbeweegungsméiglechkeet hunn (Auto, Familljemember, Adapto, Soins à domicile). 

Fir een Tarif vun 2€ kënnen déijéineg hiren Aller/Retour bis op Munneref an zeréck iwwert d’Zentral vum Rieslingsexpress reservéieren (Tél. : 28 108 - 38). 

Bucht den Trajet mam Rieslingexpress am beschte soubal Dir den Datum vun Ärer Impfung kennt a spéitstens den Dag virdrun. De Rieslingexpress fiert vu méindes bis freides tëscht 08.30 a 17.30 Auer. Et geet nom Prinzip: deen Éischten ass vir! 

Mir wëllen drop opmierksam maachen, datt et duerch déi zousätzlech Statioun eventuell zu Abéissen a puncto Flexibilitéit vum Ruffbus kënnt. Merci fir Äert Versteesdemech. ​

​Déi betraffe Leit fannen dës Informatioun an den nächsten Deeg an Hirer Boîte.


Le centre de vaccination à Mondorf-les-Bains fait dès lors partie des destinations​ desservies par le "Ruffbus" de la Commune de Wormeldange


Cette offre s’adresse exclusivement à nos résidents 65+ et aux personnes considérées comme hautement vulnérables, qui ont reçu une invitation pour se faire vacciner, mais qui n’ont pas les moyens de se déplacer (voiture, membre de famille, Adapto, Soins à domicile).


Ces derniers pourront dès aujourd’hui réserver leur aller/retour au numéro Tél: 28 108 - 38. Un tarif de 2€ est appliqué pour le trajet.  

Réservez votre trajet avec le « Rieslingexpress » selon le principe du premier arrivé, premier servi, de préférence directement après confirmation de votre rendez-vous de vaccination et au plus tard le jour avant. Le « Rieslingexpress » circule du lundi au vendredi, de 08h30 à 17h30

Veuillez noter que cette destination supplémentaire pourra affecter la flexibilité du « Ruffbus » en général. Merci pour votre compréhension. 

Les personnes concernées seront informées par courrier.