Jugendhaus Wormer

Jugendhaus Wormer

               Ëffnungszäiten:

                                                 Dënschdes:           14 bis 19 Auer



                                                 Donneschdes:       14 bis 19 Auer



                                                 Freides:                 16 bis 21 Auer 





                                                 Samschdes:          14 bis 19 Auer

                              (Außerhalb vun den Zäiten op RDV)

      

Kontakt:

Hodri Andrea, éducatrice diplomée

E-Mail: andrea.hodri@croix-rouge.lu

Tel. : +352 26 74 97 403

GSM: +352 621 335 125

Adress:        94, rue principale

                    L-5480 Wormeldange

Wien a wat sinn mir?

Zanter 2006 ass d´Jugendhaus zu Wormer eng Annexe vum Jugendhaus Mäertert-Waasserbëlleg a steet ënner der Leedung vun der Croix-Rouge Luxembourgeoise. Zesummen ergin déi zwee Haiser d´Regionaalt Jugendhaus Mäertert-Waasserbëlleg / Wormeldange.

Och wann tëscht dem Jugendhaus Wormer an Waasserbëlleg 12 km leien, sou ginn awer vill flott Saachen zesummen ënnerholl.

Mir sinn een Team aus dräi Educateuren. Andreas, Educateur Gradué, den André, Educateur Diplomé an d´Andrea, Educatrice Diplomée.

Wat bidde mir?

D´Haus ass fir d’éischt en oppenen Treff, wou sech Jonker vun 11/12 - 26 Joer kënnen an hirer Fräizäit sënnvoll beschäftegen. Mir bidden am Jugendhaus selwer Aktivitéiten un ewéi Kachen, Gesellschaftsspiller, Kicker, Billard, Dart, an villes mei.

Et ginn awer och speziell Aktivitéiten ausserhalb gemaach, wéi zum Beispill Karting, Escape Room, Turnéieren, Trip Culturel oder heiansdo en Ausfluch an e Fräizäitpark oder eng schéin Stad.

D´Jugendhaus kann vun de Jonker ënnert anerem och als Gebuertsdagslocation genotzt ginn (natierlech ouni Alkohol!)

Mir sinn och do fir de Jonken nozelauschteren, bei Problemer ze hëllefen, an hinnen a verschidde Beräicher ënnerstëtzend bei ze stoen (Schoul, Aarbecht, etc.) Et gëtt et ëmmer d´Méiglechkeet fir d’Jugendlecher, mat den Educateure iwwer jugendtypesch Themen a Problemer ze schwätzen. Am Jugendhaus kënnen déi Jonk Infomaterial kréien iwwer all méiglech Themen.

Gäre schaffe mir och mat den Elteren zesummen, féieren Elterengespréicher oder lueden d´Elteren mol gären op ee Stéck Kuch a Kaffi an.

Flyer : Jugendhaus Wormeldange•FLY 190617(1).pdf


















Bei engem Bléck an den Agenda kann een dat gesinn: www.croix-rouge.lu











































































































































macommune.lu
Klimapakt_logo.png Palceholder.gif Logo_Solarkataster Palceholder.gif image construire

Agenda

février
lumamejevesadi
1234
567891011
12131415161718
19202122232425
262728
Afficher l'agenda
Croix-Rouge

© Administration Communale de Wormeldange