Accueil path_arrow path_arrow
 
Jugendhaus Wormer

D´Jugendhaus zu Wormeldange ass eng Annexe vum Jugendhaus Mertert-Wasserbillig a steet ënner der Leedung vun der Croix-Rouge luxembourgoise. Am Fong heeschen déi zwee Jugendhaiser zesummen: „Régionalt Jugendhaus Mertert-Wasserbillig / Wormeldange“.
Och wann tëschent dem JH Wormer an dem JH Wasserbillig 12 km leien, esou ginn awer vill flott Saachen zesummen ënnerholl.
Bei engem Bléck an den Agenda kann een dat gesinn: www.croix-rouge.lu
D´Öffnungszäiten:

Dënsdes: 15 bis 20 Auer
Freides: 17 bis 22 Auer
Samsdes: 15 bis 20 Auer

D´Haus ass fir d’eischt en oppenen Treff, wou sech Jonker vun 12 - 26 Joar kënnen an hirer Fraizäit sënnvoll beschäftegen. Et ginn awer och speziell Aktivitéiten gemaach, wéi zum Beispill Fallschirmsprangen, Karting, Turnéieren, Trip Culturel oder heiansdo en Ausflug an e Fraizäitpark oder eng schéin Stad (Paräis asw)
Zousätzlech gëtt et fir d’Jugendlecher ëmmer d´Meiglechkeet, mat dem Educateuer iwwer jugendtypesch Themaën a Problemer  ze schwätzen. Am Jugendhaus kënnen déi Jonk Infomaterial kréien iwwer all méiglech  Themaën.
D´Jugendhaus zu Wormer mat sengen Fräizäitoffren ass am Kader vum INTERREG IIIA Projet och fir déi Jugendlech vu Wincheringen a Palzem geduecht. Zu Wincheringen gëtt sech all Donneschden fir sportlech Aktivitéiten getraff (op der Outdoorplaz, respektiv an der Hal). Am Wanter ass d´Hall donneschdes vun 20 - 22 Auer fir eis reservéiert.

PDF Imprimer
Croix-Rouge

© Administration Communale de Wormeldange